ACL Karting Mondercange
Fuert mat Ärem eegene Kart op der Kartstréck zu Monnerech. D'Sessioune fanne tëscht 9:00 an 17:00 Auer statt, mat engem Total vun 4,5 Stonnen Fuerzäit, wéi folfgend opgedeelt:
Üblech Zäitfenster: 9:00–10:30 / 11:00–12:00 / 14:00–14:30 / 15:00–15:30 / 16:00–17:00 Bei SWS-Courssen: 9:00–11:30 / 14:00–14:30 / 15:00–15:30 / 16:00–17:00
Eng ACL Sport Fräizäitlizenz ass obligatoresch fir deelzehuelen. Et mussen mindestens 12 Pilote ugemellt sinn, fir datt d'Sessioun stattfanne kann. Meldt Iech w.e.g. mindestens eng Woch am Viraus un.
Respektéiert w.e.g. zu all Moment de maximal erlabte Kaméidi an iwwerpréift den Zoustand vun Ärem Auspuff virun der Ausfahrt.