Karting Club Lëtzebuerg

Ee Club fir passionéiert Kartings Piloten

2006 gouf de Karting Club Lëtzebuerg gegrënnt an hat als Zil seng Piloten ze ënnerstëtzen. 

Dëst Zil bleift och mam neie Comité déi grouss Prioritéit. Vun 2006 bis 2010 huet de KCL de Wintercup op der Karting Piste zu Monnerech organiséiert, en internt Veräins Championnat daat fir Lëtzebuerger Verhältnisser ganz grousse Succès hat. Déi Eventer haten dem Veräin et och erméiglecht seng beschte Pilote vun deemools finanziell ze ënnerstëtzen.

Aktuell kann de KCL leider keng Coursen zu Monnerech organiséieren well d’Piste net mei homologéiert ass. De Club erméiglecht awer, a Collaboratioun mam ACL, souwuel den etabléierten Piloten ewéi deenen neien zu Monnerech wärend dem Joer ze trainéieren. Nieft deenen Trainingen ass de KCL och nach op sëllegen Eventer am Joer vertrueden, ewéi zum Beispill op der International Motorshow an dem Wantermaart zu Monnerech. Am Ufank vun all Joer präsentéiert de KCL seng offiziell Piloten déi Coursë fueren am Centre Culturel beim Nëssert.

De KCL gesäit sech als Ambassadeur vum Karting Sport hei zu Lëtzebuerg an ass houfreg op all seng Piloten déi am Ausland Coursë fueren an op all aktive Member deen op Monnerech trainéiere kennt.

Comité

Max Schmitz

President

Mike Leytem

Vizepresident

Mike Weis

Sekretär

Steve Schmitz

Tresorier

Rick Nadin

Member

Sam Massard

Member

Eric Siebenborn

Member